Vun Heescherten an enger falscher Politik.

D’Heescherei ass eng schlëmm Entwécklung, déi sech an deene leschte Joeren net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä an alle gréissere westleche Stied breet gemaach huet.Et gi vill Ursaachen dofir: Drogeproblematik; Zouhuele vun Aarmut an Aarbechtslosegkeet duerch Neoliberalismus a Kris; Opmaache vun de Grenzen an domat Zougank vun deene Mënschen no Westeuropa, deenen hir Länner duerch déi neoliberal an aggressiv Politik vum Westen regelrecht ruinéiert goufen.

D’ass also e Phänomen, dat sech absolut net op Lëtzebuerg beschränkt.

Déi radikal Reaktioune vun no riets orientéierte Mënschen a Parteien op déi Problematik sinn an alle Länner déi selwecht:  Uprangeren vun den Heescherten an der Press, Kriminaliséierung vun den Aarmen, déi iwwerhaapt net an déi schéi Konsumwelt passen; Verbannen (“Platzverweis”) aus dem Stadzentrum, asw.

Och hei zu Lëtzebuerg si mer mat esou Reaktioune konfrontéiert. Et gëtt vun Drecksäck geschwat, déi den Stadzentrum verknaschten, d’Passanten upöbelen an d’Bierger bis un hir Hausdier verfollegen; et gëtt geschwat vun Déif a vu kriminelle Banden, déi muerges mam Taxi bruecht an owes, d’Täsche voller Euroen mam Mercedes ewech geholl ginn fir dat gesammelt Geld hirem Chef am Ausland auszehännegen.

Entsprécht dat der Realitéit an der Stad Lëtzebuerg ? Mir mengen net! Aus dem Rapport vum Police-Direkter fir d’Stad Lëtzebuerg geet ervir, no 3 Wochen Observéierung vun der Heescherten-Szen duerch 6-8 Polizisten:

1) dass tëscht 50 an 80 Heescherten an der Stad Lëtzebuerg wunnen, respektiv squatten;

2) dass se sech zum groussen Deel owes treffen an dat gesammelt Geld selwer konsuméieren;

3) dass – mat enger eenzeger Ausnahm – keen Transport beobacht gouf.

D’Realitéit ass also déi, dass eng ”Mendicité en bande organisée”, trotz laanger a minutiéiser Observatioun, net konnt nogewise ginn. Et handelt sech bei den Heescherten an der Stad quasi exklusiv ëm aarme Leit, déi fir sech selwer heesche ginn, an ëm eng Rei Drogéierten, déi sech total dernieft behuelen. Dat sinn alles Mënschen, déi eigentlech Hëllef brauchen – a se oft refuséieren. E Prëtekoll vun 250 Euro ze maachen bréngt guer näischt, well en net bezuelt ka ginn. Solle Prisongsstrofe verhaange ginn wéi am 19. Joerhonnert ?

Mir wëllen hei näischt beschéinegen an och net de “Guttmënsch” spillen, eis mat der Situatioun offannen an den Heescheleit an den Drogéierten op d’Schëller klappen.

Et geet eis drëm, richteg ze reagéieren an d’Iwwel un der Wuerzel ze paken, nämlech d’Aarmut ze bekämpfen a Sozialmoossnahmen virzegesinn, amplaz mat ongëeegente juristesche Mëttelen géint Symptomer virzegoen.

Eiser Meenung no bréngt et absolut näischt, nei Artikelen géint d’Heescherei an e Gemengereglement anzeschreiwen. Esou gëtt haaptsächlech virgetäuscht, et géif eppes gemaach, fir esou déi sougenannte rechtschaffend Bierger an d’Stater Geschäftsleit ze berouegen.

D’Heescherei an den Drogekonsum sinn national Problemer an do ginn et national Gesetzer an eng Police op Landesplang fir déi Gesetzer ze applizéieren. Wat soll dat z.B., am neien Artikel  52 vum Stater Gemengereglement virzegesinn, et wär verbueden, Passanten ze belästegen oder eng Entrée an e Geschäft ze blockéieren. Mir schreiwe jo och net an de “Règlement général de Police”, et wär verbueden, ze klauen. Dat steet schonn am Code penal a wann d’Police dogéint wëllt virgoen, kann se dat zu all Moment!

Den Artikel 342 vum Code penal seet nämlech: ”Seront punis d’un emprisonnement de huit jours à un mois, tout vagabond et tout individu qui, pour mendier, seront entrés, sans la permission du propriétaire ou des personnes de sa maison, soit dans une habitation, soit dans ses dépendances.” Kann ee sech virstellen, dass d’Police déi betreffend Leit festhëllt an d’Geriichter eng Prozedur aleeden? Déi 3.000 Prëtekoller, déi zanter 2009 vun der Police opgestallt a vum Parquet klasséiert goufen, schwätzen eng aner Sprooch. Ginn esou Affairen net méi klasséiert, wann d’Gemengereglement vun der Stad dat och virgesäit? Mir zweiwele ganz staark do drun.

Déi selwecht Prisongsstrof vun 8 bis 10 Méint ass ass iwwregens och virgesinn fir “Tous ceux qui mendieront en réunion, à moins que ce ne soient les conjoints, l’un des parents et leurs jeunes enfants,… .”.

Dëse leschte Paragraph vum Artikel 342 vum Code penal steet allerdéngs am Widdersproch zu deem neien Artikel 51 vum Stater Gemengereglement, deen de leschte Méindeg gestëmmt ass ginn. Dee seet nämlech : “ La mendicité est interdite  … aux majeurs accompagnés de mineurs de moins de dix-huit ans qui pratiquent ou ne pratiquent pas la mendicité.”

D’”Mendicité en réunion” vun Elteren mat hire mannerjärege Kanner gëtt dem Code penal no also grad net bestrooft, während den neien Artikel vum Stater Gemengereglement grad dat ënner Strof stellt. D’Elteren riskéieren nëmmen stroofrechtlech Sanctiounen, wa se hir Kanner exploitéieren, d.h. wann et a Richtung “traite des êtres humains” oder “travail forcé” geet. Donieft spillt natierlech och d’Jugendschutzgesetz en Roll. Et geet domäi awer méi em d’Protectioun vum Mineur. Den Elterendeel, deen säi Kand mat heeschen hëllt, riskéiert, dass en d’Garde vun séngem Kand ewech geholl kritt an dass d’Kand placéiert gëtt. Dat ass awer net als Strof fir d’Elteren geduecht, mä als Schutz fir dee Mannerjäregen. Alles an allem bréngt deen neien Zousaz am Gemengereglement vun der Stad also och juristeschen Duercherneen mat sech.

Aus all deene Grënn hunn déi Lénk géint déi virgeschloen Ännerungen am Stater “Règlement général de Police”gestëmmt. Dat wëllt net soen, dass mir mam Behuele vu verschiddenen Heescherten an Drogéierten d’accord wären.

Mä mir soe ganz kloer: et muss een op eng mënschlech a realistesch Aart a Weis un d’Heescherei eru goen. Dorënner versti mir konkret Sozialmoossnahmen an ganz allgemeng eng Wirtschaftspolitik fort vum Neoliberalismus an a Richtung vu enger méi gerechter Verdeelung vum Räichtum a vum Akommes. Da ginn et och manner Heescherten!

Joël Delvaux a Guy Foetz, Gemengeréit vun déi Lénk am Stater Gemengerot

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe